
Philharmonie Larochette
Léif Frënn vun der Fielser Musek
D’Fielser Musek feiert am Joer 2012 hiren 175 Gebuertsdag. Dat ass eng laang Zäit. Do si vill Saachen geschitt ob der Welt an och an der Fiels. Während dëser ganzer Zäit hu Musikanten sech engagéiert an hirer Fräizäit fir dat kulturellt Liewen an der Fiels ze beräicheren. Hinnen eisen Merci an eise grousse Respekt. D’ass flott ze gesinn dass et haut, trotz Internet, PC, Fernseh an aner nei Intressien, nach jonk Leit gëtt déi sech hier ginn fir Musek zemachen.


















