
Société Philharmonique de Larochette
Ons Fielser Musek, héich offiziell «Société Philharmonique Larochette» genannt, ass am Joer 1836 gegrënnt ginn, also iert onst Land onofhängeg ginn ass, a fir d’Bedeitung vun dëser Gesellschaft voll erfaassen ze wëllen, muss ee schonns an der Geschicht vun dem Stiedche Fiels bliederen.
Wat ass bliwwen aus der Pionéierzäit vun 1836? E Quäntchen Nostalgie an eppes méi wéi e Grapp voll begeeschterte Leit, déi mat Freed zesumme Musek maachen.












































